An eise Käpp

Wat geet alles an eise Käpp vir? Sinn et éischter Gefiller wéi Léift a Gléck oder éischter Roserei, Näid an depressiv Gedanken?

Dat ass eng Fro, déi jidderee fir sech selwer beäntwere muss. Dës Fro beschäftegt och eng 17järeg Schülerin, déi géint säi Wonsch geplënnert ass. Dës Gedanke ginn awer vu sengem eegenen Ënnerbewosstsinn beäntwert, dat an dësem Stéck an d’Liewe geruff gëtt. Net nëmme säin Ënnerbewosstsinn, mee och dat vu senge neie “Frënn”, déi hatt op sengem neie Wee begleeden, wäerten eng Roll spillen. Hatt sicht, op sengem Wee, dee mat Depressioun, Trauer an Angscht gefëllt ass, no Vertrauen, Frëndschaften a villäicht och Léift, obwuel hatt ëmmer erëm enttäuscht ginn ass. Mee ass et wierklech dat, wat zielt? Oder soll hatt sech léiwer op d’Sich no Wäerter maachen, fir seng mental Gesondheet ze verbesseren?

All dës Froen an nach vill anerer hu mir eis gestallt, wéi mir dëst Stéck geschriwwen hunn. Fir d’Äntwerten dodrop ze fannen invitéiere mir iech alleguer eist Theaterstéck “An eise Käpp” kucken ze kommen, dat de 7. an den 8. Oktober, um 20:00, am LHCE opgefouert gëtt. Ticketen um 55 71 55.

Mir géifen eis freeën. Villäicht beäntwert dëst Stéck och déi eng oder déi aner Fro, déi iech beschäftegt.