Die neuen Leiden der jungen Juanita – Deuxième

„Wien hätt dann nach Loscht, d’Geschicht vun engem bestuetenen Don Juan ze liesen? Wahrscheinlech keen. Mee dat schéinst un de Klassiker ass, wéi eisen Don Juan géif soen, dass hir Lieser ni fäerdeg ginn, iwwert hir Haaptpersonnagen ze fantaséieren. D’Geschicht vum Don Juan ass eng Legend, déi weltberühmt Schrëftsteller wéi de Molière oder de Lord Byron wäit iwwerdauert huet. Et zielt ee schonn net méi all déi Theaterstécker, Romaner, Gedichter, déi geschriwwen, oder all déi Filmer, déi iwwert hie gedréint gi sinn. Wat fir ee Personnage wier dann de Don Juan am eenanzwanzegste Joerhonnert? Kann en Atheist, an enger Zäit, déi Schwieregkeeten huet, u Gott ze gleewen, oder e Fraenheld, an enger Zäit, wou d’Frae grad esou vill friemginn ewéi d’Männer, iwwerhaapt nach schockéieren? Dat sinn nëmmen e puer vun deene Froen, déi Namasté sech bei dësem Stéck gestallt huet. En Don Juan op d’Bühn ze bréngen, deen nieft sengem Talent als Verführer och mënschlech Schwächte weisen oder zougi kann, dat war eist Zil an eis Äntwert. E Papp, dee seng Feeler an der Erzéiung vu sengem Meedche Juanita erkennt, e Liebhaber, deen därmoossen am Leed ass, well hien, virun zwanzeg Joer, dem Anne, d’Mamm vu sengem Meedchen, esou wéi gedoen huet.

Wäert hien et fäerdegbréngen, d’Juanita erëm op déi richteg Bunn ze bréngen an domat de Flame vun der Häll z’entgoen? Wann Dir d’Äntwert op dës Froe wëllt wëssen, da géife mir eis wierklech freeën, wann Dir eist Stéck kucke kommt.“

Rendez-vous ass den 14.10.2017 um 20:00 zu Déifferdang am Stadhaus.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *