Die neuen Leiden der jungen Juanita

Wat fir ee Personnage wier dann de Don Juan am eenanzwanzegste Joerhonnert? Kann en Atheist, an enger Zäit, déi Schwieregkeeten huet, u Gott ze gleewen, oder e Fraenheld, an enger Zäit, wou d’Frae grad esouvill friemginn ewéi d’Männer, iwwerhaapt nach schockéieren? Dat sinn nëmmen e puer vun deene Froen, déi Namasté sech bei dësem Stéck gestallt huet. En Don Juan op d’Bühn ze bréngen, deen nieft sengem Talent als Verführer, och mënschlech Swächte weise oder zougi kann, dat war eist Zil an eis Äntwert. E Papp, dee seng Feeler an der Erzéiung vu sengem Meedche Juanita erkennt, e Liebhaber, deen därmoossen am Leed ass, well hien, virun zwanzeg Joer, dem Anne, d’Mamm vu sengem Meedchen, esou wéi gedoen huet, wäert hien et fäerdegbréngen d’Juanita erëm op déi richteg Bunn ze bréngen an domat de Flamen vun der Häll z’entgoen? Wann dir d’Äntwert op dës Froen wëllt wëssen, da géife mir eis wierklech freeën, wann dir eist Stéck kucke kommt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *