Faus(ch)tdéck hannert den Oueren

Wat hält d‘Welt am Ënnersten zesummen? Ass et éischter Schoul, Bicher a Wëssen oder awer villäicht Geld, Gier a Loscht. Dat ass eng Fro, déi scho vill grouss Käpp wéi de Goethe zum Beispill beschäftegt huet. Dës Fro beschäftegt awer och de jonke Jerry, e Premièresschüler, deen net zefridde mat senger Situatioun ass. Op enger wuel eenzegaarteger Rees sicht de Jerry nodeem, wat hien esou interesséiert. Genervt, verschwënnt hien, fir dat ze sichen an ze fannen, vun deem hien dreemt. Mais ass et wierklech dat, wat hie wëll? Kann ee mat deene Wäerter glécklech ginn? Oder sinn et awer éischter déi Wäerter, déi eis Elteren eis bäibruecht hunn, säitdeem mir kleng sinn? All dës Froen an nach vill anerer hu mir eis gestallt, wou mir dëst Stéck geschriwwen hunn. Fir d´Äntwerten dorop ze fannen, invitéiere mir iech alleguer eist Theaterstéck Faus(ch)tdéck hannert den Oueren kucken ze kommen, dat de 5. An de 6. Oktober, um 20h00, am LHCE opgefouert gëtt. Mir géifen eis freeën an villäicht, beäntwert dëst Stéck déi eng oder aner Fro, déi och iech beschäftegt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *