Julia & Romeo – Zu wat d’Léift alles fäeg ass

Wéi oft huet ee schonn dat bekannt Stéck Romeo and Juliet vum Shakespeare a Filmer, Bicher an Theaterstécker gesinn? Mee och d’Klassiker entwéckele sech mat der Zäit weider. An dat weise mir hei mat eisem Stéck, well ass d’Léift um éischte Bléck nach wierklech méiglech? Géif sech eng Persoun wierklech nach fir säi Partner ëmbréngen? Mir sinn op d’Schlussfolgerung komm, datt mir selwer d’Äntwert op dës Froe sinn. Well schlussendlech kënne mir fräi entscheeden, mat wiem mir zesumme wëlle sinn, op dat eng Persoun vun enger anerer Nationalitéit, Relioun oder vum selwechte Geschlecht ass. Mee denkt wierklech jiddereen esou a sinn d’Kanner hautzedaags wierklech schonn esou liberal erzunn? Dat sinn déi wichteg Froen, déi eist Stéck behandelt. A wann déi Froen och iech betreffen, da luede mir iech heimadder häerzlech eist Stéck de 4. An de 5. Oktober 2019 am Festsall vum Lycée Hubert Clément kucken ze kommen.

 

Virbestellungen am Secretariat vum LHCE: 55 71 55