Mord zum Nachtisch

Et huet alles mat enger Iddie ugefangen. An do huet sech di Iddie
an een Stéck verwandelt un dem mer bis haut geschafft hunn. Hätt
iergendeen eis lescht Joer gesot dass mer een Stéck dëst Joer
géingen schreiwen, hätten mer den mengen ech ausgelaacht. Mer
sinn elo säit 3 Joer am Namasté aktiv, mer hunn als Schauspiller
ugefangen, dann hunn mer an der Mask gehollef an elo sinn mer
Regie.
Namasté ass net nëmmen een Schoul- oder Jugendtheater, mee et
sinn Schüler vun verschiddenen Altersklassen, di sech net kennen
di zesummen schaffen an dat maachen wat hinnen Spaass
meescht, dann bilden sech Frëndschaften an dono eng Famill. Am
Namasté leiert een net nëmmen wei een schauspillert, schminkt,
Luttentechnik meescht, Kostümer bitzt oder wei een en Stéck
schreift. Mee et leiert een zousätzlech zu all deenen Saachen, wat
Verantwortung, Frëndschaft an Kreativitéit bedeit.
Déi Erfahrungen an Erënnerungen, wou mer zwee an deenen
leschten Joeren mat erlieft hunn waren einfach onvergiesslech.
Natierlech goufen et Situatiounen di net esou einfach waren, mee
et sinn ëmmer Leit do di engem hëllefen wann et een Problem
gëtt.
Mer als Namasté hunn dat Stéck op t’Bënn gesat an mer als
Namasté wäerten ärch dat Stéck och virspillen.
Mer soen dem ganzen Namasté, dat hescht eisen Schauspiller,
eisen Techniker, eisen Fotografen, eisem Schminkteam an dem
Massimo Sartini villmools Merci, fir di Aarbecht di si gelëscht hunn
an di Zäit di si geopfert hunn.
Mer hoffen eist Stéck wärt ärch gefallen an dass der am Oktober
zereck kommt.
Regie (Marie Picciau, Lynn Faber)

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *