Schicksal

De Millionär Pierre Frick, d’Riichterin Mandy Schmidt, de Kommissar Henri Becker, d’Coiffeuse Ella Dos Santos an hire Mann de Joao wäerten den Dag vum 17. Dezember 2013 wuel ni vergiessen. Nom Mord un d’Saskia an der Verhaftung vun der Täterin, dem Aurélie Leroy, d’Exfra vum Pierre Frick, brauchen eis Protagonisten d’Hëllef vun engem Psycholog fir dat ganzt ze verschaffen. No ville Joren hu si och hir lescht Seance beim Psycholog hannert sech bruecht. Jiddereen huet en neit Liewen ugefaangen a kann erëm normal mat der ganzer Situatioun ëmgoen. Sou soll hir Geschicht awer net enden.

Op engem Charitybal wäerte si sech fir déi éischt Kéier no laanger Zäit all erëmgesinn. Wat wäert geschéien? Wéi wäert dat ganzt enden? Dat kënnt dir den 12. an 13. Mee am LHCE erausfannen…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *