De verluerene Jong

“De verluerene Jong? Ass dat net d’Geschicht vun deem, dee säi räiche Papp verlooss huet, fir mat der Hälschent vu senger lerfschaft d’Welt kennen ze léieren a ganz nei Erfahrungen ze sammelen, fir dann awer ouni Suen an de Schouss vum Papp, deen him verzeit, zereckzekommen?” Dat war d’Äntwert vun engem vun eise Schauspiller, nodeems ech d’Thema vun eiser neier Produktioun virgestallt hat, e Beweis, dass d’biblesch Kultur bei eise Schüler nach net ganz vergiess ass.

“Flott Geschicht!”, soten déi aner direkt, „awer ginn et da keng aner Rollen ausser dene vum Papp a vum Jong?“ Am Neien Testament erzielt eis de Jesus, dass de verluerene Jong nach e Brudder hat, méi awer net an enger Parabel, dèi ongeféier zwanzeg Zeilen ausmécht.

Mee, nieft der Erzéiungsproblematik, dat heescht de Beziehungen a Konflikter tescht Elteren a Kanner, déi d’Pubertéit ëmmer mat sech bréngt an déi dës Geschicht souwéisou schonn an de Mëttelpunkt setzt, muss een nach d’Beziehungen zum anere Geschlecht erwähnen, dèi Jugendlecher an deem Alter ëmmer interesséiere mussen. Grad well si hir éischt Erfahrungen an deem Beräich maachen, wollt ech onbedéngt drop hiweisen, wéi schéin, awer och wéi geféierlech d’Léift an hirem naiven Alter ka sinn.

“Wat ass d’Léift?” Eng Fro, déi sech praktesch all Personnage op der Bühn stellt. Ma jo dat ass déi Léift, déi éierlech gemengt ass a vum Häerz kënnt, sou géife mir op alle Fall spontan drop äntwerten. Mee ass dat dann och déi Zort Léift, déi zum Schluss vum Stéck triumphéiere wäert? Oder sinn d’Versuchunge vum Geld (Bonanza), vun engem gudde Ruff (Jeanne d’Arc), vum Alter (Madame Polz), vum Luxus (Madame Poulette), vum Flirt (Daiva), vun der Kraaft (Atlanta) a vun der Entféierung (Salamiss) sou staark, dass si déi dräi schéi Jongen vun der Madame Chicky dozou brénge wäerten, hir Virstellung iwwert d’Léift ze änneren?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *